Hollywood Reporter công khai
[search 0]
Thêm
Download the App!
show episodes
 
Loading …
show series
 
De Streik bei de Schauspiller ass eriwwer an et gëtt erëm un neie Filmer geschafft. Och fir J.LO gëtt et en neie Projet. Ma d'Musekerin huet esou hier Problemer u gutt respektiv interessant Rollen ze kommen. De Pit Biwer weess, wou d'Kromm hei kéint an der Heck leien a stellt och eng Actrice vir, déi wéi et schéngt weess, wéi den Hues leeft.…
  continue reading
 
De Pit Biwer verréit eis haut, wéi eng Entertainerin haut definitiv zu de gréissten Hollywood-Staren gezielt muss ginn. Eng Damm, déi och an der Musek doheem ass, hei awer dacks u sech gezweiwelt huet. Fir eng Perfektionistin net ganz einfach. Eng Angscht déi keen der Barbara Streisand ofkafe géif.Bởi RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
Den zweetlängste Auteure-Streik an der Geschicht vun Hollywood ass op en Enn gaangen. No laange Verhandlunge kréien déi gutt 11.000 Membere méi an der Paie. Dat féiert dann och derzou, dass d'Latenight-Showen vun nächster Woch un erëm lafen. De Pit Biwer kennt den neie Deal, deen ausgehandelt gouf.Bởi RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
"E Film wéi Fitzcarraldo hätt Hollywood ni prodzéiere kënnen". Eng Ausso vum Werner Herzog, deen am Interview mam Pit Biwer erkläert, firwat dat esou ass. Den däitsche Regisseur a Produzent huet dëser Deeg seng 81 Joer gefeiert. Seng gro Hoer, sou den Herzog, hätt en dem Klaus Kinski ze verdanken.Bởi RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
Wien gëtt den nächsten US-President? Et gëtt schonn äifreg Walkampf bedriwwen. De Pit Biwer notzt d'Geleeënheet aus, fir emol iwwer déi Acteuren ze kucken, déi an der Vergaangenheet d'Roll vum amerikanesche President gespillt hunn. Nimm wéi Morgan Freeman oder Gina Davis wat am Film Commander and Chief eng Presidentin gespillt huet.…
  continue reading
 
Loading …

Hướng dẫn sử dụng nhanh