Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Player FM - Podcast App Go offline with the Player FM app!
Was she the victim of foul play, an accident, or did she choose to disappear? In this episode of The Vanished, we retrace Diana’s last known movements, strange witness accounts, and the lingering mystery that has never been solved or.. was never meant to be solved.
Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
D'Frënn vun der Militärmusek siche mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère an der SACEM no engem neie Marsch zu Éiere vum neie Groussherzog Guillaume. Dëst am Kader vum Trounwiessel am Oktober 2025. Gesicht gëtt virun allem eng nei Eegekompositioun fir militäresch Zeremonien ze encadréieren an déi un ee Foussmarsch ugepasst ass. Am Gespréich war beim Lex Kauffmann den aktuelle Chefdirigent vun der Militärmusek, de Lieutenant Colonel Jean-Claude Braun. Si hu sech iwwer d'Krittäre vum Concours ënnerhalen an och déi historesch Valeur vun esou Märsch an der Lëtzebuerger groussherzoglecher Geschicht. De komplette Reglement an d'Informatiounen zum Kompositiounsconcours fannt Dir um Site vum opus.radio.…
Bis Enn August kënnt Dir am Mudam sengem gliesene Leir Pavillon d'Expo "Monsieur Steichen" gesinn. Déi amerikanesch Kënschtlerin Lisa Oppenheim, Joergang 1975, war domat beoptraagt ginn, op dem Edward Steichen säi facettëräicht Wierk ze reagéieren. Déi Erausfuerderung huet d'New Yorkerin gären ugeholl: d'Lisa Oppenheim ass fir hir experimentell Film- a Fotoaarbechte bekannt, fir déi si heefeg selwer net zu enger Kamera gräift, mee, no akribesche Recherchen, Bildmaterial aus Archiven an anere Sammlungen op hir Manéier verschafft. D'Kerstin Thalau ass vun der Lisa Oppenheim ënner anerem gewuer ginn, firwat den Edward Steichen fir si eng vun de mysteriéiste Personnagë vum 20. Joerhonnert war.…
Dat seet de laangjärege Member a Pianist Pascal Meyer am Zesummenhang mat zäitgenëssescher Musek. Schüler aus dem Ettelbrécker Conservatoire kréien och d'Méiglechkeet fir méi Erfarung mat neier Musek ze sammelen. United Instruments of Lucilin spillt de 16. Mäerz 2025 am CAPE e Concert, bei deem Schüler Wierker vun ënner anerem dem Steve Reich zesumme mam Lëtzebuerger Ensembel fir zäitgenëssesch Musek kënnen opféieren. Et ass en Optrëtt aus der Serie Lucilin in the City, bei deem ee vun de Museker vum Ensembel d'Programmatioun iwwerhëlt. An dësem Fall war et de Pianist Pascal Meyer. Hien huet dem Christophe Mirkes an engem Gespréich verroden, op wat hie Wäert geluecht huet a wéi sech dëse Projet vun deenen ouni Schüler ënnerscheet.…
Chrëschtdag ënner dem Ceauşescu, ee Suizid via en Heizkierper an hollänneschen Nationalismus aus der Perspektiv vu Geflüchteter: Am Bogdan Mureşano sengem "The New Year That Never Came" geet et ëm Ënnerdréckung a Revolutioun am Rumänie vun 1989, dem Radu Jude säi "Kontinental 25" bleift op der nämmlechter Plaz, mee mécht een zäitleche Sprong no vir, fir ze weisen, datt et sech och am kapitalistesche Rumänien net ëmmer wansinneg gutt lieft - a am autobiografeschen Dokumentarfilm "Home Game" suivéiere mir der Lidija Zelovic hir Flucht aus Sarajevo an en Holland, dat no an no méi rietsextreem gëtt: Eise Weekend um LuxFilmFest war geographesch relativ homogen, huet awer eng ganz Rëtsch vu verschiddenaartegen Theemen opgegraff.…
Fir de Joresufank presentéiert d’Ekipp vun de Rotonden traditionell eng Expo zum Theema “Illustréiert Buch an all senge Variatiounen“. Wéinst den Ëmbauaarbechte war dat 2025 net méiglech. Kee Grond fir komplett op d’Aktioun ze verzichten. Déi jonk Illustratrice Viki Mladenovski, Joergang 1993, krut den Optrag, e Wimmelbuch ze entwerfen. Doranner sollten d’Rotondë selwer, mat hiren Aktivitéiten an alldeegleche Geschichten, am Zentrum stoen. D’Buch ass mëttlerweil an de Rotonden, an och an de Librairien, ze gesinn an ze kréien, an dowéinst huet d’Kerstin Thalau d’Viki Mladenovski an de Studio invitéiert.…
De Maurice Ravel gëtt op engem Sonndeg, 7. Mäerz 1875, gebuer. Séier entwéckelt hie sech zu engem erfollegräiche Komponist, wuel och mat Ufanksschwieregkeeten. De Jean Thill a Lex Kauffmann blécken an engem Gespréich zeréck op d'Liewe vum Impressionist Maurice Ravel.
Gëschter (6.3.) war d’Ouverture vum LuxFilmFest - dëst Joer mat engem Ouvertures-Film, an deem d’Vicky Krieps matspillt an deen och op der Berlinale am Wettbewerb gelaf ass. “Hot Milk” vun der Rebecca Lenkiewicz ass eng Verfilmung vum Roman vun der Déborah Lévy - a verhandelt ënner anerem eng toxesch Relatioun tëschent enger Mamm an hirer Duechter. Dernieft ass haut um Freideg deen éischte Film am Dokumentarconcours ugelaf – “A Fidai Film” vum Kamal Aljafari erzielt op eng experimentell, wéineg narrativ Manéier d’Geschicht vum palästinensesche Vollek mat Hëllef vun Archivbiller, Prosa vum Auteur Ghassan Kanafani an der “Kamera vun den Depossedéierten”. De Michel Delage, d'Valerija Berdi an de Jeff Schinker hu sech déi zwee Filmer ugekuckt.…
D'Serie hëlt eis mat bei déi nuklear Katastroph zu Tschernobyl am Joer 1986. Wéi konnt et dozou kommen, a wéi hunn déi verschidden Acteuren dorobber reagéiert? Eng Serie, déi déi mënschlech a politesch Feeler weist an een duerno mat der Fro zeréckléisst, wier dat haut esou nach eemol méiglech? De Pit Walté stellt d'Serie vir.…
D’Harf ass e ganz duusst, rouegt a langweilegt Instrument, dat dacks just da genotzt gëtt, wann et drëm geet, datt d’Musek eng verdreemte Stëmmung kritt. Mee stëmmt dat? “Nee”, seet d’Catherine Beynon. Fir déi verschidde Facettë vun hirem Instrument ze weisen, trëtt d’Harfenistin vun de Lëtzebuerger Philharmoniker e Sonndeg um 11 Auer am Kammermusekssall vun der Philharmonie op a proposéiert mat anere Membere vum Orchester e Programm ronderëm den Titel Harp in Harmony. De Luc Boentges huet mat der Solistin iwwer d’Harf an d’Affiche vun dësem Concert apéritif geschwat.…
Deen 18. Roman vum Jean Echenoz ass, wéi vum Auteur gewinnt, verspillt, ironesch a verdaamt gutt geschriwwen. Hei geet et ëm ee mëttelméissege Cineast, deen en Abenteurfilm an Afrika soll dréien an dobäi eng onbekannt Schauspillerin muss casten, an déi hie sech och nach verkuckt. Wat et mam Mann op sech huet, deen direkt am éischte Saz plakeg aus enger Fënster fält, gëtt een dobäi vläicht gewuer - wien den Echenoz kennt, weess, datt dat awer am Endeffekt e bëssen egal ass, well hei déi wansinneg geschlaffe Sprooch am Zentrum steet. De Jeff Schinker huet d'Buch gelies a gëtt eis en Abléck an d'Welt vum Jean Echenoz.…
Mat kaum eppes kann ee Museker:innen op Tour esou vill Freed maachen, wéi mat engem anstännegen Iesse virum oder nom Concert. Dat entschiedegt fir dat gefillt dausendste Bréitche vun der Tankstell, dat een an der Hetz am Van iesse muss. A well den zwee Auteuren Alex Bleeker a Luke Pyenson d'Musek genee esou um Häerz läit wéi de gudde Kascht, hu si iwwer d'Iessen on Tour e Buch geschriwwen. Et nennt sech "Taste in Music" an d'Claudine Muno huet fir eis dra gebliedert.…
Haut den Owend (6.3.) start déi 15. Oplag vum LuxFilmFest mam Erëffnungsfilm "Hot Milk" mat der Vicky Krieps, deen och op der Berlinale gelaf ass an do eidel ausgoung. Mir lauschteren nach eemol d'Gespréich, dat de Michel Delage mam Programmdirekter Alexis Juncosa geféiert huet an an deem den Alexis Juncosa ënner anerem erkläert, wat ee sech dëst Joer um Festival kann erwaarden.…
Welcome to Player FM!
Player FM is scanning the web for high-quality podcasts for you to enjoy right now. It's the best podcast app and works on Android, iPhone, and the web. Signup to sync subscriptions across devices.